Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Schued ass, dass déi éischt 1,5km iwwert de Kräsi, dann 1km iwwert de Makadamm verlafen an eréischt ab der Halschent kënnt richtege Bëschbuedem. Do begéint een och eng Baach wou d'Muppen drénke a sech ofkille kënnen. Mat der Kutsch geet et bis bal zum Schluss gutt. Et muss ee just net de Schëlder op e schmuelen an zougewuessene Bëschwee nogoen, mee op deem riichten a breede Wee bleiwen. Déi zwee Weeër kommen op derselwechter Plaz eraus. Bis op e Stéck vu 500m ongeféier an der Halschent läit de Wee am Schiet.