Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Dee Wee sinn ech fir d'läschte Kéier den 9. November 2022 getrëppelt, direkt zweemol, well en sou kuerz ass. Een Tour dovunner ass u sech ideal wann ee kuerz spadséiere wëll goen, d'Montée rop op den Holleschbierg ass net schwéier.
Belount gëtt een ënner anerem matt schéine Vueën op de Kär vun Hesper an op d'Hesper Gemengenhaus.
De Passage iwwert d'Foussgängerbréck iwwert d'Autobunn ass och schéi Richtung Hesper Bréck.
Mat Kutsch géif ech de Wee net onbedéngt goen, well vum Holleschbierg geet et Trapen erof.