Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
De Wee sinn ech déi zweete Kéier den 18. November 2022 getrëppelt, dës Kéier direkt zweemol hannerteneen well e sou kuerz ass.
U sech ass e flott, well e bal nëmmen am Bësch verleeft, zumools déi Partie vum Wee laanscht an iwwert d'Drosbech si schéin, an en ass gutt markéiert. Mee leider geet och de Stater Contournement duerch genee dee Bësch, wat net grad eng adéquat Soundkuliss bidd och wann d'Autobunnsbréck eng imposant Konstruktioun ass. Am Hierscht muss een och op deem längere Stéck erof an den Dal bis op Hesper oppassen, well de Wee voll Blieder läit, een also net genee weess wourobber een trëppelt.
Soss awer e gudde Wee fir zwëschenduerch, wann ee mol nëmmen ongeféier eng Stonn huet fir een Tour ze trëppelen.