Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Ech hunn dëse wonnerschéine Wee gemaach mat bloem Himmel a Sonn (30Grad). Wien dat also gär huet, ass den heite Wee perfekt fir an der Sonn ze goen. Bis km 8-9 wou et dann duerch e Bësch geet bis km 10.5. Fir Kanner ok awer vu datt et en 12km ass dann éischter fir Kanner déi laang trëppele kënnen. De Muppes misst do kee Problem hunn, zemools een deen Ausdauer huet. Kutsch net well et deelweis duerch Wiss geet. Wéi üblech hei zu Lëtzebuerg hunn déi eng oder aner Bänk gefeelt fir och eppes vun der Vue ze hunn! Den Deel tëschend Gostingen an Lenningen ass einfach 😍 an esou bänken wéi déi um Saar Hunsrück wire perfekt dofir!