Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
E schéine Wee deen ech fir d'läscht den 21. November 2022 gaange sinn.
Fir d'éischt de Widdebierg erop an de Bësch wou fréier Steekaule waren wou Sandsteen ofgebaut gouf. Herno zeréck an de Sirdall an e klenge Mouer. Déi kierperlech méi schwiereg Partie ass am Ufank vum Wee de Bierg erop, herno geet et de Bierg erof an da laang Zäit zimlech flaach. 't muss ee just oppassen wéinst dem Bulli an deene grousse Pill déi plazeweis virkommen an am Mouer op deene glëttchechen hëlze Bréckelcher, dohir recommandéieren ech dëse Wee net deenen déi mat enger Kannerkutsch ënnerwee sinn.