Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Ech sinn dee Wee fir d'läscht den 29. November 2022 getrëppelt.
't ass e ganz interessante Wee: Éischtens déi fréier Eisenäerzindustrie mam Minnemusée, deenen ale Seelbunnmasten (déi fréier d'Eisenäerz an d'Schmelz transportéiert hunn), der fréierer Eisenäerzcarrière an deenen ale Minnenagänk, zweetens d'Zimentswierk mam Lafband, dat vun enger Steekaul a Frankräich bis an d'Zimentwierk zu Rëmeleng leeft, an drëttens vill Bësch.
Allen dräi treffen hei openeen.
E flotten Tour.