Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Sinn dee Wee fir d'läscht den 23. November 2022 getrëppelt.
Wéi am Titel ugedeit, ass et ee vun deene schéinsten Auto-Pédestres am Minett, wann net souguer dee schéinsten.
Den traditiounsräiche Red Boys Stadion um Thillebierg, vill Natur, dat pittoreskt Lasauvage an dat nach ëmmer industriellt Déifferdeng, e wierklech ofwiesslungsräichen Tour.
Ech bewäerten dëse Wee zwar als normal schwéier, well et zumools am Éislek wäitaus méi schwéier Weeër ginn, trotzdem ass de Schluss vum Bierg aus Lasauvage erop ustrengend.