back

 

Eng nei Säit, WWL Wanderweeër Lëtzebuerg, versicht all Wanderweeër vun heiheem op enger eenzeger Säit ze regroupéieren.

Dat ass mat immenser Aarbecht a Recherchen verbonnen a brauch eng gewëssen Zäit.

WWL ass nach net zu 100 Prozent fäerdeg, mee ech hunn elo decidéiert se awer schonn online ze stellen,

an der Hoffnung op d'Mataarbecht vun den Visiteuren.

All Kommentar, Kritik a Suggestioun ass wëllkomm fir dass ww.lu déi Platz gëtt fir all d'Wanderweeër hei zu Lëtzebuerg.

 

autopedestres regioun eisleck autopedestres regioun guttland
autopedestres regioun mellerdall autopedestres regioun musel
autopedestres regioun terres rouges

 

Meescht gekuckten Auto-pédestres

 

camera
 
Den Auto-pédestre Wäiswampech l

gëtt et net méi !

Ass ersat duerch den AP Léiler.

gpx Lieler

Gréisser Ännerungen
bei den Autopédestres am Éislek.

Hei den offiziellen Communiqué als PDF eroflueden

 
Den Auto-pédestre Koetschette / Kietscht

gëtt et net méi !

depart koetschette

 
Den Auto-pédestre Eschweiler / Eeschwëller

ass nei gezeechent an huet elo nëmmen nach knapp 7 Km.
Plazeweis ass hien awer nach mat 14 Km annoncéiert.

 
Den Auto-pédestre Ermsdorf / Iermsdref

huet e neien Startpunkt, a zwar um CR 356 (beim Kierfecht)

gpx Bettel

 
Den Auto-pédestre Bëttel

huet e neien Startpunkt, a zwar op der Bëtteler Gare.
Ausserdeem ass den Tour elo 3 Km méi kuerz wéi virdun.

gpx Bettel

(Merci fir d'Info un den Roby Weis)

 
Esch-Sauer huet nëmmen nach een Auto-pédestre.

Hien geet do fort wou de fréieren Tour Nummer 2 fortgaangen ass,
9650 Esch-sur-Sûre - 3 rue des Jardins

Esch Sauer

gpx Esch sur Sure

(Merci fir d'Info un den Marc Weber)

Chasse en cours

Vun nächster Woch un ass et erëm sou wäit.

Et geet leider erëm lass mat de Klappjuegten!

Passt also op iech an är Déieren op.

D'Datumer vun de meeschten Klappjuegten fannt dir um Geoportail.


All Auto-pédestre elo mat QR-Code fir erofzelueden

qr code webadresse

auto-pedestres.lu elo och op Facebook
 
 

Méi Infos . . .